Theaterstücke

*Diamanteroulette (luxemburgische Fassung)

N E U !

 De Pier geheit d’Këssen op de Canapé, op deem scho lauter Kësse leien, déi d’selwecht ausgesinn. No enger Schluecht mat de Këssen, déi d’Boma Glesener ugefaang huet, huelen d’Boma Glesener an hiert Enkelkand Malou jiddereen e Kësse mat op d’Zëmmer. Dat féiert vun elo un zu terribele Verwéckelungen. D’Koppel Abriecher, Christine a Lucien, schläicht ëm d’Haus, fir den Diamant ze huelen. Si gi vum Edith erwëscht. Direkt gëtt sech d’Edith als Niece vum Jang aus. Dem Jang bleift näischt aneschters iwwereg, ass wéi matzespillen, well hee virdrun eng kleng Aventure mam Christine hat a well dat him dreet, senger Fra et ze soen. Wéi dunn och nach de Pier, fir sengem Frënd ze hëllefen, senger Fra Lilly erkläert, d’ Christine wier seng Niece, ass de Chaos perfekt.
De Jang weess sech keen Auswee méi. Alleguer hätten se gär eppes vun him. Seng Fra wëllt d’Wouerecht wëssen. D’Malou, seng Duechter, déi mengt, säi Papp a säi Frënd hätten den Diamant gestuel, wëllt vun him de Corpus delicti, d’Boma wëllt hier Kësseschluecht an d’Koppel Abriecher wëllt de Steen. Wéi de Lucien se dann alleguer mam Revolver bedreet, kënnt de Roland, dee jonke Polizist, als Retter an der Nout. Mee seng Hëllef ass net ëmsoss. Hie wëllt d’Malou als Belounung. An senger Nout ass de Jang averstan a steet zum Schluss als dee groussen Held do.

Bestellen

Zu diesem Stück gehört außerdem: Tantieme von 10% der Bruttoeinnahmen pro Aufführung (+ Mwst.) mindestens aber:

Bestelldetails

Bestellnummer

E 900

Preis

14.50 €

Mindest​bestellmenge

10 Stück

Spieldauer

120 Minuten

Anzahl der Spieler

W:5 M:4

Alter

Erwachsene