Autorinnen und Autoren

Roby Zenner

Von Roby Zenner ist beim Deutschen Theaterverlag erhältlich :

Theaterstücke:

*Meng Läich, deng Läich (luxemburgische Fassung)

Den Entrepreneur Honoré Gantenbein léisst all Leit ronderëm e spieren, datt si him egal sinn an datt hien d’Muecht an d’Geld huet. Si all géifen hie gär ëmbréngen, a jidder eenzelne fënnt eng Méiglechkeet, dee Plang ze realiséieren.

*Diamanteroulette (luxemburgische Fassung)

De Jang Hilbert kënnt mat sengem Frënd Pier zimlech beniwwelt heem. De Jang huet säin Auto zu Schrott gefuer. Di zwee bréngen d’ Nummereschëlter an d’Kësse vum Récksëtz mat. Wat se net wëssen, dat ass, datt am Këssen e wäertvollen Diamant stécht, deen hinnen d’Christine, eng Gangsterbraut, dra gestach huet.

*Natur pur (luxemburgische Fassung)

Där nach rëschteger Boma Maria liicht et net an, hire 75. Gebuertsdag hirem Alter no doheem oder an engem Restaurant ze feieren. Villméi lued se hier “Firma” an hiren alen Holzchalet matzen am Bësch an, an deem se fréier ëmmer wonnerschéi Vakanze mat hire Kanner verbruecht huet.

*Eng Moss kroopt sech de Goss (luxemburgische Fassung)

Ouni Suen huet een et net liicht, mee mat zevill Suen awer och net. Dat ginn di dräiLaien-Bankreiberinne Viviane, Jeanny a Lisi um eegene Leif gewuer: Wéi mécht eng Fra hirem Mann, dee vun näischt eppes weess, kloer, firwat op eng Kéier dräi grouss Dreckstuten am Gank stinn an op kee Fall däerfen an d’ Dreckskëscht gehäit ginn?

*Enner Buedmäntel - E Kaméidistéck a Plüschschlappen. (luxemburgische Fassung)

Am Wellnesshotel «Beim Rosa Rüssel» gëtt op d’Juegd no de Kurschied geblosen.