Theaterstücke

*Natur pur (luxemburgische Fassung)

N E U !

Hier Kanner, déi an der Tëschenzäit erwuesse gi sinn, déi net ganz einfacher sinn an déi virun allem ënnert sech zerstridde sinn, kommen där Invitatioun op d’Gebuertsdagsfeier am Bësch nëmme staark géint hire Wëllen no a scheien sech net, hiren Onmutt doriwwer “ongeschminkt” zum Ausdrock ze bréngen. De Jong Rudi, en agefleeschte Jonggesell, wier dach awer léiwer gutt iessen an drénke gaangen. Där knéckeger Duechter Marthe ass di Party am Bësch vill ze opwenneg an ze deier. An de Jong Eric gesäit sech schonn erëm deene bestännege Knoutereie vun senger Fra Lydie ausgesat, déi sech am Bësch virun all nach esou klengem Liewewiesen eekelt a bestänneg hiren Desinfektiounsspray benotzt. Wuel wéi e Fësch am Waasser fillt sech eenzeg an eleng hier Duechter Christine, dat der Boma hier Iddi vun der Party am Bësch ”total cool” fënnt.

D’Zesummentreffe beim Chalet am Bësch aart a Streidereien a Pickereien aus, wéi se ouni Erfolleg probéieren, en Zelt opzebauen. Wéi d’Boma Maria op eemol am Chalet e Beidel mat 50 000 Euro boer Geld fënnt – aus engem Abroch, wéi se all unhuelen – schléit d’Gier no Sue bei hire Kanner lass. D’Situatioun spëtzt sech zou, am Laf vun der Handlung dauchen ëmmer weider Persounen op, déi e groussen Interessi un deem schwaarze Sak weisen oder probéieren, onbedingt an de Chalet ze kommen – vum mëlle Päiperlekssammler iwwert en almoudesche Bëschaarbechter bis hin zu enger Schreckschrauf vun Nordic-Walkerin an engem Immobilienhändler ouni Skrupelen, dee bal iwwer Läiche geet …

Bestellen

Zu diesem Stück gehört außerdem: Tantieme von 10% der Bruttoeinnahmen pro Aufführung (+ Mwst.) mindestens aber:

Bestelldetails

Bestellnummer

E 901

Preis

14.50 €

Mindest​bestellmenge

12 Stück

Spieldauer

90 Minuten

Anzahl der Spieler

W:6 M:5

Alter

Erwachsene